Nadine Haas: Eis Finanzplaz a Mënscherechter, muss dat wierklech sinn?

Interview zum Rapport  “LUXEMBOURG'S FINANCIAL CENTRE & ITS HUMAN RIGHTS POLICIES” Gaascht: Nadine Haas (ASTM) Mam Nadine Haas schwätzen ech iwwert den neie Rapport vun der ASTM “LUXEMBOURG'S FINANCIAL CENTRE & ITS HUMAN RIGHTS POLICIES”. Wéi ass dës Etüd zustane komm, wéi eng Syntheese gëtt et. Ginn et Revendicatiounen un d’Finanzplaz a wei ass de Rapport ugeholl ginn? Mier schwätzen dës weideren iwwert wirtschaftspolitesch journalistesch Recherche zu Lëtzebuerg. Mir maachen och en klenge Staminee zur Finanzplaz. Link zum Rapport vu der ASTM: https://nocorporateimpunity.org/report2022/ Zitéiert Interview mam Pierre Gramegna: https://www.rtl.lu/radio/background/a/1843261.html Weider am Gespréich zitéiert Quellen: https://paperjam.lu/article/banque-bnp-paribas-en-forte-cr https://paperjam.lu/article/societes-luxembourgeoises-gagn https://www.reporter.lu/luxemburg-finanzplatz-und-menschenrechte-gute-absichten-zoegerliche-umsetzung/ Guiding Principles on Business and Human Rights: https://www.ohchr.org/documents/publications/guidingprinciplesbusinesshr_en.pdf Link zur éischter Sendung mam Nadine Haas: https://www.ara.lu/anescht-liewen-e-podcast-vun-der-astm/episodes/episod-8-beef-mat-beef-and-money/ Kultur mam Anne vum CITIM: Armutsbekämpfung durch Entwicklungszusammenarbeit. Anspruch – Wirklichkeit – Perspektiven (Frank Bliss) https://link.springer.com/book/10.1007/978-3-658-32805-4 https://www.citim.lu

Om Podcasten

Anescht Liewen - E Podcast vun der ASTM Anescht Liewen ass de Podcast vun der ASTM. Eise Motto ass Act local - Think global. Dëse Podcast ass fir all Mënsch deen sech fir global Zesummenhäng, Klimagerechtegkeet, Solidaritéit mam globale Süden a weider änlech Themen interesséiert. De Podcast vun ASTM an Zesummenaarbecht mat Radio ARA an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg. 1 Mol am Mount gëtt d'Sendung als Radiossendung op Radio ARA ausgestraalt an ass dono an der Mediathéik verfügbar. All éischte Freiden am Mount kennt eng nei Episod vun Anescht Liewen eraus. Moderatioun: Cédric Reichel Introsmusek: The Disliked - Money Froen an Kommentaren zum Podcast gären un [email protected]. Mier freeën eis op är Réckmeldungen. Anescht Liewen ass ee Projet vum ASTM an dem Klimabündnis Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Radio ARA. De Radio ARA empfänkt dir op 102,9 an 105,2 FM oder iwwert de Webstream.